Fête de la musique 2016 (Fotos: Alice Enders, André Jans, Jean-Paul Reitz)

Fête de la musique 2016 (Fotos: Alice Enders, André Jans, Jean-Paul Reitz)

Dëst wor en éischte Versuch fir Klierf mat Musek aus der Museksschoul ze fëllen. Mir haten eng 'Promenade musicale' organiséiert.

Et woren Optrëtter vun der Schüler duerch den Zentrum vu Klierf, ugefaang an der Kierch, wou Uergelschüler an den Erwuessenechouer opgetratt sënn. Dann ass et eroof bäi de Kiosk gaang, wou de Kannerchouer de Publikum begeeschtert huet. Duerno goung et Trap erof bäi de Buer, wou de Saxofonsemble gespillt huet. Virugaangen ass et dunn bei d'Apdikt, wou d'Geien an d'Klarinetten opgetratt sinn. Duerch d'Foussgängerzon ass et da virugaang bis bei de Kratzenberg, wou eng Grupp vu Blechbléiser gespillt huet. Am Enn vun der Foussgängerzone huet dann e Grupp vu Coren gespillt. Op d'Schlass ass de Wee da weider gaang, wou d'Ensemblen vun den Trombonen an Trompetten e puer Stécker gespillt hunn. An der Ausstellung 'Family of men' heut e Grupp vu Schüler mat Improvisatiounen d'Ausstellung ënnermoolt. Vun 18:00 Auer un wor dann de groussen Ofschloss mat de Schüler aus der Improvisatiounsklass, de Comboën, der Bigband an dem Peter Fox Projet.